#1 Zwësche Spill, Léieren an Zukunft

Show notes

Fir déi éischt Episod vum digiCast ass d’Ekipp vum Centre de ressources digiloom an der Abtei Neimënster.

Do huet de Weekend vum 30. Mee de Kannerfestival 2026 stattfonnt. De Marco Deepen, Chef vun der Direktion générale vum Educatiounsministère mat der Zoustännegkeet fir d'Crèchen, d'Maison Relaisen an Dageselteren hei zu Lëtzebuerg, huet dee mat senger Ekipp matorganiséiert.

De Christian Braun vun digiloom, d’Nicole Horn vun arcus, an d’CJF haten do hiren eegene Stand. Si erzielen wat et um Kannerfestival alles ze gesinn an ze maache gouf, an och wisou non-formell Bildung fir eis Kanner esou wichteg ass.

Tëscht vill flotten Aktivitéiten kommen och si an hir Elteren zu Wuert.

Méi Infos op www.digiloom.lu

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.