digiCast by digiloom

Wëllkomm am digiCast by digiloom.

Dem Podcast vum nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medie vun arcus.

Hei huele mir dech mat an d'Welt vu Bildung, Medien an de Froen, déi eis Gesellschaft vu muer beweegen.

Mat Experten, Fachleit, Kanner an Elterestëmmen schwätze mir iwwert dat, wat d'Kanner staark mécht. Iwwer Spill, Kreativitéit, Entwécklung an d'Roll, déi mir als Erwuessener dobäi spillen.

Praxisno, inspiréierend a mat Bléck op d'Zukunft.

Rendezvous op digiloom.lu

digiCast by digiloom

Latest episodes

#2 De Schluss vum Ufank

#2 De Schluss vum Ufank

17m 45s

Fir déi zweet Episod vum digiCast si mir bei der Aweiung vun de neie Raimlechkeeten zu Bartreng.

Den 9. Juni 2026 huet den nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medien seng Dieren op sengem neie Site offiziell opgemaach. Fir d’Ekipp vum digiloom ass dësen Opening allerdéngs kee Start, ma de Schluss vum Ufank.

Viru Bartreng gouf et nämlech schonn een digiloom.

De Christian Braun, deen de Projet leet, a seng Ekipp vu Mediepädagogen, erzielen, wéi dësen a sengem Popup-Site an der Rue du Fort Bourbon an der Stad Erfarunge gesammelt huet.

Tëscht Roboter, Speeches an e gelongene Éierewäin, erklären ënner...

#1 Zwësche Spill, Léieren an Zukunft

#1 Zwësche Spill, Léieren an Zukunft

20m 45s

Fir déi éischt Episod vum digiCast ass d’Ekipp vum Centre de ressources digiloom an der Abtei Neimënster.

Do huet de Weekend vum 30. Mee de Kannerfestival 2026 stattfonnt. De Marco Deepen, Chef vun der Direktion générale vum Educatiounsministère mat der Zoustännegkeet fir d'Crèchen, d'Maison Relaisen an Dageselteren hei zu Lëtzebuerg, huet dee mat senger Ekipp matorganiséiert.

De Christian Braun vun digiloom, d’Nicole Horn vun arcus, an d’CJF haten do hiren eegene Stand. Si erzielen wat et um Kannerfestival alles ze gesinn an ze maache gouf, an och wisou non-formell Bildung fir eis Kanner esou wichteg ass.

Tëscht vill flotten Aktivitéiten...

digiCast by digiloom - Trailer

digiCast by digiloom - Trailer

0m 48s

Wëllkomm am digiCast by digiloom.

Dem Podcast vum nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medie vun arcus.

Hei huele mir dech mat an d'Welt vu Bildung, Medien an de Froen, déi eis Gesellschaft vu muer beweegen.

Rendezvous op digiloom.lu