#2 De Schluss vum Ufank
Fir déi zweet Episod vum digiCast si mir bei der Aweiung vun de neie Raimlechkeeten zu Bartreng.
Den 9. Juni 2026 huet den nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medien seng Dieren op sengem neie Site offiziell opgemaach. Fir d’Ekipp vum digiloom ass dësen Opening allerdéngs kee Start, ma de Schluss vum Ufank.
Viru Bartreng gouf et nämlech schonn een digiloom.
De Christian Braun, deen de Projet leet, a seng Ekipp vu Mediepädagogen, erzielen, wéi dësen a sengem Popup-Site an der Rue du Fort Bourbon an der Stad Erfarunge gesammelt huet.
Tëscht Roboter, Speeches an e gelongene Éierewäin, erklären ënner...